Dokumenter fir de CSV-Nationalkongress vum 25. Mäerz 2017 zu Ettelbréck

 

Livestream vum CSV-Nationalkongress vun 9:00 un op: https://www.facebook.com/csv.lu/

Op dëser Säit fannt Dir och d’Dokumenter fir den Nationalkongress.

Resolutiounspropositioune fir de CSV-Nationalkongress

Resolutiounspropositioune kënnen nach bis den 11. Mäerz (23:59) vun de Kongresser vun de CSV-Bezierker oder den Ënnerorganisatiounen eragereecht ginn. Och kënnen 100 Memberen eng Resolutiounspropositioun eraschécken. Dëst per Mail op [email protected] , via Post BP 826 / L-2018 Luxembourg oder per Fax 47 27 16.

Bis haut hunn d’Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit (CSG) eng Resolutiounspropositioun fir de Nationalkongress eragereecht. Dës Propose ass um CSG-Kongress de 6. Februar 2017 zu Biergem ugeholl ginn.

Hei kënnt Dir se als PDF eroflueden:

CSG-Resolutioun

D’Zil vun dëser Resolutiounspropositioun ass et Punkten opzeweisen, wou de Staat kann de Gemenge bei hiren Aufgaben hëllefen, respektiv d’CSV-Positioun a Beräicher duerzeleeën, wou national Entscheedungen Afloss op d’Gemengen hunn (z.B. bei der Reform vun de Rettungsdéngschter). D’Zil vun der Propositioun ass et net fir Punkten opzezielen, wou vun de Gemengen selwer aus eppes alleng soll gemaach ginn. Fir dëst gouf de Rahmenprogramm vun der CSG ausgeschafft.

De 22. Mäerz, goufen all d’Ännerungsproposen, déi statutekonform eragereecht goufen, hei verëffentlecht.

Amendementer

Prozedur fir Ännerungsvirschléi anzebréngen

Beim CSG-Resolutiounsentworf gëllen d’Dispositiounen aus de Statute vum Artikel 59 (ii) iwwert „Resolutionen von Bezirken, Unterorganisationen und Mitgliedern“.

Ännerungsvirschléi kënnen agereecht ginn:

  • vun all eenzelen Nationaldelegéierten
  • vun alle Parteigremien:

um Sektiounsniveau kënnen d’Generalversammlung, ewéi och de Comité, respektiv de Sektiounsrot, Ännerungsproposen unhuelen an eraschécken.

um Bezierksniveau kënnen de Kongress an de Comité Ännerungsproposen unhuelen an eraschécken.

de CSV-Nationalcomité wäert och zum Resolutiounsentworf Stellung huelen.

  • vun de Nationalniveaue vun den Ënnerorganisatiounen: d’Nationalkongresser, ewéi och d’Nationalcomitéë vun de verschiddenen Ënnerorganisatioune kënnen Ännerungsproposen unhuelen an eraschécken.

D’Ännerungsvirschléi musse bis spéitstens de 20. Mäerz ëm 23:59 schrëftlech beim Nationalcomité agereecht ginn. Schéckt Är Ännerungsvirschléi dofir w.e.g. an däitscher Sprooch a mat Indikatioun vun der Linnennummer, wou Dir Är Ännerung wëllt abauen, respektiv, do wou Dir eppes wëllt änneren oder sträichen.

Dir kënnt se per Post un d’Generalsekretariat schécken op BP 826 /// L-2018 Luxembourg, per Mail op [email protected] oder per Fax op 47 27 16.