Mat mir… a menger Gemeng

[rev_slider alias=”Mat mir a menger Gemeng”]

 

Problemer erkennen an un Léisunge matschaffen. Dorop kënnt et ganz besonnesch an der Gemengepolitik un.

Mir brauchen als Partei Leit, déi bereet sinn unzepaken an sech an der Gesellschaft anzebréngen. Mir brauche Leit, déi bereet sinn, bei de Gemengewahlen unzetrieden a Verantwortung ze iwwerhuelen. Parteipolitik ass net iwwerall an ëmmer gutt ugesinn. Fir vill Leit ass et duerfir keng Optioun an eng Partei ze goen. – Dëst wëlle mir mat Ärer Hëllef änneren.

Mir wëllen d’Leit fir Parteiaarbecht an den Engagement an der Politik begeeschteren. Dofir dës Campagne. Am Mëttelpunkt sti stellvertriedend Fraen a Männer, déi an hire Gemenge Verantwortung iwwerholl hunn.

Mir brauchen dësen Engagement. Mir brauchen Ären Engagement.

Wann Dir schonns mam Gedanke gespillt hutt, Iech an der Lokalpolitik anzebréngen, villäicht awer nach zéckt, da profitéiert vun eisen Formatiounen: “Gemengepolitik liicht gemaach!”

Maacht mat!

CLAUDE CLEMES
CSG-President

MARC SPAUTZ
Parteipresident

LAURENT ZEIMET
Generalsekretär

Weider Informatioune iwwert d’Afeierungsformatiounen (Januar bis Mäerz 2016) fannt Dir op: https://csv.lu/formatiounen-gemengepolitik-liicht-gemaach/