Formatiounen: Gemengepolitik liicht gemaach

Fir déi verschidde Säite vun der Gemengepolitik kennen ze léieren an sech iwwer de Fonctionnement vun enger Gemeng an d’Erausfuerderungen an der kommunaler Politik ze informéieren, hu mir ee spezifesche Formatiounsprogramm opgestallt.

Experten aus de verschiddenste Beräicher, déi fir Gemengen an d’Gemengepolitik wichteg sinn, leeden d’Coursen an huelen un den Diskussiounen deel.

De Programm start am Januar 2016 a geet iwwer véier hallef Deeg (jeeweils samschdes moies). D’Formatioune sinn ëmmer vun 9 bis 12 Auer. Déi éischt dräi fannen an der Stad um Belair am Haus vun de Franziskanerinnen (50, Avenue Gaston Diderich) statt. Déi véiert Formatioun vum 12. Mäerz mat den Themenatelieren fënnt bei de FNEL Scouten (61a, rue de Trèves -L-2630 Luxembourg – Cents) statt.

F1 /// 16.01.2016 – Aféierung an d‘Gemengepolitik

Wat ass eng Gemeng? Wat sinn d’Aufgabe vun de Gemengen? Wéi funktionéiert d’Zesummespill vu Staat a Gemengen? Dës Froe ginn zesumme mam Charles Lampers, fréieren Distriktskommissär, a Marc Leonhard, fréiere Conseiller am Inneministère, behandelt.

F2 /// 30.01.2016 – Praktesch Erfahrungen

Am Kader vun enger „Table ronde“ schwätze Gemengemammen a -pappen iwwer hir Erfahrungen an der Gemengepolitik. Un der Ronn huelen deel den Emile Eicher, Député-Maire vun der Gemeng Klierf, de Pierre Mellina, Buergermeeschter vun der Stad Péiteng, d’Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Buurschent, an de Ben Homan, Buergermeeschter vun der Gemeng Schengen. Virgesinn ass eng Introduktioun vum President vun der CSG, dem Claude Clemes.

F3 /// 20.02.2016 – Zäitmanagement

D’Zäit ass ee wichtege Punkt bei all politeschem Engagement. Ganz besonnesch och an der Gemeng. Et ass net einfach Beruff, Famill a Politik ënnert een Hutt ze bréngen. Doriwwer, wéi een sech zäitlech besser organiséiere kann, schwätzt d’Joëlle Letsch.

F4 /// 12.03.2016 – Themenatelieren

De leschte Formatiounsdag ass dee vun de prakteschen Atelieren. A véier Gruppe geet et ëm wesentlech Punkte vun der Politik an der Gemeng.

  • Urbanismus mam Michel Wolter, Député-Maire vun der Gemeng Käerjeng
  • Soziales an Integratioun mam Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck
  • Ëmwelt mam Robert Leven, Schäffen an der Gemeng Hesper
  • Schoul/Maison Relais mam Françoise Hetto, Deputéiert

Maacht mat!