Flüchtlingskriis: Virschléi vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ginn an di gutt Richtung

D’CSV begréisst d’Propositiounen zur EU-Flüchtlingspolitik, déi de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker haut a senger Grondsazried zur Lag vun der Unioun virum Europaparlament gemaach huet.

Dozou gehéieren e feste Verdeelungsschlëssel fir 120.000 Flüchtlingen, eng Lëscht vu sécheren Herkunftslänner op EU-Niveau, di besser Iwwerwaachung vun der Aussegrenz vun der Europäescher Unioun an d’Bekämpfung vun der organiséierter Schlepperkriminalitéit.

Europa muss an der Flüchtlingskriis méi aktiv ginn. D’CSV ënnerstëtzt d’Virschléi vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker déi an di gutt Richtung ginn. Nëmmen zesummen kënnen d’EU-Memberstaaten d’Erausfuerderungen meeschteren, déi sech aus der Flüchtlingskriis erginn.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat