Diskussioun iwwert d’Plans sectoriels

D’CSV-Gemengepolitiker aus dem ganze Land hunn gëschter Owend zu Hesper nach eng Kéier d’Analyse vun de Plans sectoriels an hirer Ëmsetzung gemaach. D’Regierung ass gefuerdert eng Rei vun Onkloerheeten auszuraumen a fir méi Transparenz a Planungssécherheet ze suergen.