CSV-Akademie: Videooptrëtt online

Mat Videoen, déi online gesat ginn, huet eng Sektioun d’Méiglechkeet, kompakt ze informéieren iwwer Themen an hir Mandatairen. Am Atelier, dee vum Francis Verquin, „Social Media Expert” bei Saint-Paul, geleet gëtt an iwwer e ganzen Dag geet, gëtt d’Konzept vun der Online- Videoberichterstattung explizéiert an dat praktescht Grondwësse vermëttelt fir e Video ze realiséieren (Recherche, Bild, Toun) an online ze setzen.

D‘Formatioun adresséiert sech besonnesch u Sektiounsmemberen, déi sech ëm den Inhalt vun den Internet- an/oder Facebooksäite vun hirer Sektioun bekëmmeren. D’Formatioun ass praxisorientéiert, bréngt dofir w.e.g Äert Material (eventuell Kamera) mat.