Formatiounen

Mat der CSV-Akademie offréiere mir alle Memberen en interessanten a breede Formatiounsprogramm. Dobäi stinn d’Gemengewahlen dëst Joer natierlech am Mëttelpunkt. Esou proposéiere mir Formatioune besonnesch fir all d‘Kandidaten an de Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017.

D‘Formatiounen sinn op dräi Pillieren opgebaut:

  • F1 – Perséinlecht Optrieden a Rhetorik,
  • F2 – Publizitéit a Kommunikatioun an der Wahlkampagne,
  • F3 – Kompetenze vun de Gemengen an hire praktesche Fonctionnement

Umelle fir déi eenzel Formatioune kënnt dir iech iwwer de Formular hei um Site. Dir kënnt Iech och traditionell am CSV-Generalsekretariat umellen um Tel. 22 57 31-1, via Email csv@csv.lu , a per Fax 47 27 16. Schreift w.e.g. an den Objet vun der Mail: “Umellung CSV-Akademie”.

Mir freeën eis, wann Dir Iech vun eisem ofwiesslungsräichen Akademieprogramm ugesprach fillt a matmaacht. Wann Dir Froen hutt, d’Mataarbechter vum CSV-Generalsekretariat beroden Iech gären.

F1: Perséinlecht Optrieden a Rhetorik

F1.1: Argumentéieren an iwwerzeegen, Rhetorik an der Politik

D‘Joëlle Letsch vum ADT-Center informéiert an engem praxisorientéierte Seminaire wéi en argumentéiert, op negativ Remarque oder Killerphrasen reagéiert a seng Emotiounen maitriséiert.

D’Aarbechtspsychologin Joëlle Letsch ass zanter méi wéi 30 Joer aktiv, begleet an betreit Administratiounen, Parteien, Associatiounen a Gemengen. Mat hire Mataarbechter hëlleft d‘Joëlle Letsch als Formatrice a Coach fir eng optimal intern Zesummenaarbecht.

Dës Formatioun gëtt dräimol ugebueden.

Datum a Plaz

 

F2: Publizitéit a Kommunikatioun an der Wahlkampagne

F2.1: Mobiliséiere fir eis Partei an eis Iddien

An der Wahlcampagne geet et drëm méiglechst vill Leit ze mobiliséierne a seng politesch Messagen an d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Wat fir Methoden kënnen d’Sektiounen benotzen, fir hier Leit ze mobiliséieren virun de Gemengewahlen?

D’Formatioun gëtt ugebueden vum Christopher Lilyblad, den 2012 als ‘Organising Fellow’ an der Campagne vum Barack Obama geschafft huet.

Datum a Plaz

 

F2.2: Videooptrëtt online

Mat Videoen huet eng Sektioun d’Méiglechkeet, kompakt ze informéieren iwwer Themen an hir Mandatairen. Am Seminar, de vum Francis Verquin, Social Media Expert bei Saint-Paul, geleet gëtt an iwwer e ganzen Dag geet,gëtt  d’Konzept vun der Online-Videoberichterstattung explizéiert an dat praktescht Grondwësse vermëttelt fir e Video  ze réaliséieren (Recherche, Bild, Toun).

D‘Formatioun adresséiert sech besonnesch u Sektiounsmemberen, déi sech ëm den Inhalt vun den Internet- a Facebooksäiten bekëmmeren. D’Formatioun ass praxisorientéiert, bréngt dofir w.e.g Äert Material (eventuell Kamera) mat.

Datum a Plaz

 

F2.3: Net-Lëtzebuergesch Matbierger mobiliséieren fir sech als Wieler anzedroen

D’Formatioun erkläert, wat d’Konditioune sinn, fir dat Net-Lëtzebuerger Matbierger sech op de Wahllëschte kennen androen a wat fir Demarche si maachen. E Schwéierpunkt ass, wéi en di Net-Lëtzebuerger Matbierger iwwerzeegt sech anzedroen.

D’Formatioun gëtt proposéiert vun den Experte vum Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales (Cefis).

Datum a Plaz

 

F2.4: Politik a Kommunikatioun

An der Politik ass d’Medienaarbecht an d’Kommunikatioun ëmmer méi wichteg. An et ass wichteg ze wëssen, wéi een mat der Ëffentlechkeet an der Presse ëmgeet. Et ass dofir wichteg, sech mam Fonctionnéieren vun der Kommunikatioun, de Regelen vum journalisteschen Schreiwen a Froe vum politeschen Marketing ze beschäftegen.

De Marc Glesener war iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg als politesche Journalist aktiv. Hien war Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort. Zanter 2012 schafft hien als onofhängegen Medien- a Kommunikatiounsberoder.

Datum a Plaz

 

F3: Kompetenze vun de Gemengen an hire praktesche Fonctionnement

F3.1: Gemengefinanzen

De Gemengefinanzsystem als Basis vun der Gemengenautonomie

Wéi ass de Gemengefinanzsystem opgebaut, wat sinn de Gemengen hir Aufgaben (obligatoresch a fakultativ Aufgaben) a wéi setzen sech d’Revenuen vun de Gemengen zesummen (Taxen, Steieren, Dotatiounen, Subsiden, …)?

De Marc Leonhard, Premier Conseiller de Gouvernement, Maître ès sciences économiques, laang Joeren zoustänneg fir d’Gemengefinanzen um Ministère de l’Intérieur, erklärt, wéi d’Gemengen finanzéiert sinn (Verdeelung ënnert de Gemengen, de Finanzausgläich, Statistiken, Stäerken an Schwächen vum System, d’Perspektiven …).

Datum a Plaz

 

F3.2: Gemengepersonal

D’Gemengepersonal assuréiert den deegleche Fonctionnement vun der Gemeng. Wat si seng Aarbechtskonditiounen? D’Formatioun gëtt Explikatiounen zum Statut an zum Traitement vum Gemengepersonal, Kategorien vu Gemengebeamten, d’Kompetenzen vun der Autorité communale an de Régime disciplinaire.

D’Formatioun gëtt assuréiert vum Jean-Lou Hildgen, Conseiller de Direction, 1ère Classe am Inneministère.

Datum a Plaz

 

F3.3: Administrative Fonctionnement vun de Gemengen

Wat ass eng Gemeng a wéi funktionéieren hir gesetzlech Organer? Wat sinn hir Aufgaben?

D’Formatioun vum Här Charles Lampers, fréieren Distriktskommissär, traitéiert dës an aner wichteg Froen am Zesummenhang mat de Gemengen.

Datum a Plaz

 

F3.4: Aménagement communal

D’Gemengepolitiker hunn d’Responsabilitéit fir eng kohärent a nohalteg Bauten- an Entwécklungspolitik um Terrain vun hirer Gemeng an dat am Respekt vun hirem regionalen Emfeld.

De Romain Diederich, den als Premier Conseiller de Gouvernement am Nohaltegkeetsministère d’Coordination générale assuréiert huet, féiert an de Kadervum Aménagement communal an, an explizéiert, wat d’Rechter an d’Flichten vum Gemengerot an dëser wichteger kommunalpolitescher Thematik sinn.

Datum a Plaz

 


 

Umellen