CSV-Akademie: Den TTIP verstoen

Den TTIP, dat geplangt Fräihandelsofkommes tëscht der Europäescher Unioun an den USA, suergt fir vill Diskussiounen an der Politik an och an der Zivilgesellschaft. Wat sinn d’Ziler, déi mam TTIP sollen erreecht ginn. Wat sinn déi besonnesch kontrovers diskutéiert Punkten. Riskéiert den TTIP, datt europäesch Ëmwelt- a Sozialstandarden erofgesat ginn oder assuréiert hien Beschäftegung a Wuesstem an Europa?

De Seminaire gëtt geleet vum Marc Hübsch, den sech am Ausseministère ëm d’Handelspolitik bekëmmert. An dëser Formatioun gëtt hien Hannergronndinformatiounen zu engem Thema, wou et drëm geet, wien d’Regele an der globaliséierter Ekonomie (mat)bestëmmt.