Questions parlementaires

Wat geschitt mat Banken ewéi der Gazprombank déi hier comptes annuels net am RES publizéieren?

Wéi vill Entreprisë, déi ënnert der aktueller Hausse vun den Energiepräisser leiden, wäerte kënne vun den zukünftegen Hëllefsmesüre gehollef kréien?

Wëssend, dass de Leetzëns am Euroraum op engem historeschem Déif ass an an absehbarer Zäit aller Viraussiicht no och net gehuewe wäert ginn, wat sinn d’Grënn fir d’Hausse vun den Zënsen op den Immobiliëprêten?

Wéi een Impakt huet d’Liquidatioun vu Liberty Steel an der Belge op de lëtzebuergesche Site zu Diddeleng?

Gouf et viru kuerzem eng Instruction ministérielle oder souguer eng Instruction vun der ADEM, fir Dossieren nei ze bewäerten, wou d’Bezuelung vum RPGH vun den Concernéierten als de facto accordéiert ka ginn?

Firwat offréiert d’Post keng gratis Appeller vu Lëtzebuerg an d’ Ukrain sou wéi dat aner Operateuren am Ausland maachen?

Kann de Minister eis iwwer de Fortschrëtt vun den Aarbechten un engem neie gesetzleche Kader fir den Dateschutz informéieren?

Kann den Här Minister fir Educatioun eis e Verglach vun de Programmer maachen an eis soe wou déi kruzial Ënnerscheeder an de Programmer sinn, déi et erlaben, dass de BAC an nëmme 6 Joer ofgeschloss ka ginn an net a 7 Joer wéi an de klassesche Lycéeën?

Wéi vill Fäll vu Salmonelle a Ferrero Produiten sinn der Regierung hei zu Lëtzebuerg bekannt?

Ass de comité interministériel schonn eng Kéier zesummekomm fir iwwert déi geplangte Reform vun de Gesondheetsberuffsformatiounen ze diskutéierten?