Wat fir eng Positioun huet Lëtzebuerg zu Bréissel vertrueden am Kader vun der decidéierten Flächestillegungspflicht an der Agrarpolitik?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Wéinst dem Krich an der Ukrain, der doduerch bedéngten Knappheet u Kären an der allgemenger Präishausse bei de Liewensmëttel huet d’EU-Kommissioun virgeschloen, déi bei der Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik decidéierten Flächestillegungspflicht vun 4 Prozent am Joer 2023 auszesetzen. D’Propose vun der Kommissioun gouf de 27. Juli offiziell ugeholl. Elo läit d’Entscheedung bei den eenzelen EU-Memberstaaten. An deem Kontext wollt ech folgend Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wat fir eng Positioun huet Lëtzebuerg zu Bréissel vertrueden?
  • Ass d’Regierung bereet, Stilllegungspflicht 2023 auszesetzen?
    • Wa nee, wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
    • Wéini a wéi gëtt des Decisioun kommunizéiert?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck