Besteet d’Gefor vun Enkpäss beim Holz a wéi kann een der Demande an Zukunft gerecht ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Brennholz un d’Madamm Ëmweltministesch an den Här Energieminister weider ze leeden.

Den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass essentiell fir dass ons d‘Energietransitioun geléngt, souwéi dass mir méi onofhängeg vun de fossillen Energië ginn. Leider kënnen awer vill eeler Haiser net mat enger Wärmepompel ausgestatt ginn, soudass Holz als eenzeg alternative Brennstoff zu Mazout a Gas a Fro kënnt. Laut dem Artikel „Angst vor Engpässen“ aus dem Luxemburger Wort (28.07.2022) besteet eng Gefor vu méiglechen Enkpäss beim Holz vue dass d’Nofro no Brennholz, Pellets an Holzschnitzel héich, a gläichzäiteg awer net genuch eenheemescht Holz um Marché ass.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:
Kënnen d’Ministeren dës Informatioune bestätegen?
Wëllen d’Ministeren an Zukunft op den Import vu Brennholz setze fir der Demande gerecht ze ginn? Oder ginn et Léisunge fir d’ Ugebot zu Lëtzebuerg ze erhéijen? Gëtt eng vun deenen 2 Léisunge preferéiert? Wann jo, wéi eng a firwat?
Wéi weit gëtt hautzedaags schonn de Bedarf vu Pellets an Holzschnitzel vun eenheemeschem Holz gedeckt?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck