Annuaire


Guy Modert
Membre

Alter: 59
Sektioun: Schifflange
Bezierk: Sud

Comitéen
  • Comité Section CSV: Membre
  • Comité CSV Senioren: Membre
Mandater
  • Conseil National
Biographie
Gebuer den 9. Juni 1964 zu Lëtzebuerg, wunnt den Guy MODERT zu Iechternach, ass bestuedt an Papp vun 3 Kanner.

No séngem Premièresdiplom, deen de Guy MODERT am Jongelycée um Lampertsbierg 1983 krut, huet hien en Droitsstudium op der Université Robert Schuman zu Stroossbuerg absolvéiert, wat den Guy mat énger “Maîtrise en Droit des Affaires” 1987 an éngem “Diplôme d’Etudes Supérieures Spécialisées “ (DESS) 1988 an “Techniques Bancaires et Financières” ofgeschloss huet. Nodem hien e puer Joër an énger Stater Etude als Affekot geschafft huet, ass den Guy MODERT 1991 bäi der Lëtzebuerger Post den Chef vum Service Juridique ginn. Séng postuniversitär Studien huet hien mat éngem “Certificate in Leadership Development” vun der University of Exeter 2006 perfektionnéiert.

An d’CSV ass den Guy Modert Enn 1991 agetrueden, wou hien vun Ufank un Member vum Bezierkscomité vun der CSJ-Osten war, bis dat hien d’CSJ aus Altersgrënn (leider) huet missen 2002 verloossen. Am Bezierkscomité vun der CSV-Osten ass den Guy zënter 1997, wou hien vun 2005 bis 2009 och d’Charge vum Bezierkssekretär ugeholl huet. Do derniewent ass hien zënter 2005 Vize-Präsident vun der Sektioun Iechternach. An den CSV-Nationalcomité ass den Guy MODERT éng éischte Kéier 2002 gewielt ginn, wou hien, no enger Ennerbriechung no 2004, erem vun 2007 bis 2009 Member war. Hien ass och zënter 2005 Member vum CSG-Nationalcomité.

Politesch setzt sech den Guy MODERT fir d’nohalteg Harmonie zweschen Mensch an Natur, fir en perfekt Mateneen zweschen Economie an Ekologie, an. Hien ass iwwerzeegt dat duerch éng nohalteg Entwécklung souwuel heiheem wéi dobaussen, eis Welt all Dag en Stéck méi schéin an liewenswert kann gestalt gin, dëst am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet net nëmmen mat denen déi haut do sinn mais och mat den zukünftegen Generatiounen. Konzepter wéi IVL an Mobilitéit leien dem Guy demno um Häerz.