CSV-Akademie: Eis Formatiounen, Foren an Themenatelieren am Fréijoer 2016

Banner-Akademie 2016-Site

De neie Programm vun der CSV-Akademie ass do. Theme vun de Formatioune sinn dës Kéier e.a.: Wéi falen an Europa politesch Entscheedung um Beispill vun der EU-Dateschutzreform, 125 Joer Sozialenzyklika Rerum Novarum, Relatioune Staat a Reliounsgemeinschaften, Asyl- a Migratiounspolitik ewéi och d’Medien zu Lëtzebuerg. Nieft de Formatioune fannt Dir hei awer och d’Datumer vun eisen nächste Foren a vun de Themenateliere fir de Rahmenprogramm fir d’Gemengewahlen 2017.  Sidd Dir interesséiert? Da mellt Iech elo un!

Méi Informatiounen an Umellung: csv.lu/csv-akademie/