CSV-Akademie: Neie Formatiounsprogramm bis Juli 2015

Banner_Internet_Formatiounen

D’CSV-Akademie offréiert virun der Summervakanz 2015 en interessanten a breeden Formatiounsprogramm. Nieft Formatiounen fir di kommunikativ Kompetenz, Rhetorik an Argumentéieren gëtt e Seminaire iwwer d’Geschicht vun der CSV proposéiert. Weider gi national a kommunal Froen behandelt, esou wéi och de Fonctionnement vun eisen Institutiounen. Kuckt Iech de ganze Programm un a maacht mat!