Pressematdeelung vun der CSV: Schoulbetrib am Land astellen

D’CSV hëlt zur Kenntnis, datt zënter haut Infektioune mam neiaartege Coronavirus bannent dem Land confirméiert sinn. Mir hunn elo Krankheetsfäll, déi net direkt mam Ausland kënnen a Verbindung bruecht ginn. Dat stellt e neie Moment vun der Epidemie duer, an deem déi gëschter vun der Regierung annoncéiert Mesure bei wäitem net méi ausreechend erschéngen.

Opgrond vun der däitlech erhéichter Infektiounsgefor bannent dem Land fuerdert d’CSV, datt de Schoulbetrib am Land vun e Méindeg un agestallt gëtt. Wéinst der nach ëmmer onvollstänneger Kloerheet iwwer d’Aart a Weis, wéi Kanner a Jonker de Virus kënnen droen an en eventuell weiderginn, a no der Evolutioun an Italien, wou ëmmer méi Jonker spierbar erkranken, ass et fir eis kloer, datt d’Schoule mussen zougemaach ginn. Dat selwecht gëllt aus evidente Grënn och fir Betreiungsstrukturen uechter d’Land. Schoulsport a Schoulreese sinn och direkt a bis op Weideres ofzesoen.

Selbstverständlech mussen d’Eltere vun de Schoulkanner an d’Lag versat ginn, dëser neier Situatioun Rechnung ze droen a sech ëm hir Kanner ze këmmeren. Déi vun der Regierung annoncéiert Erweiderung vum Congé pour raisons familiales ass dat richtegt Instrument, fir dëst sécherzestellen.

Dës Weideren ass et an enger Phas vun erhieflech erhéichter Infektiounsgefor och noutwenneg, déi besonnesch vulnerabel eeler a krank Leit virun dem Virus ze schützen. D’CSV wëllt, datt deemno Visitten a Spideeler an Altersheemer ageschränkt ginn, fir d’Patienten a Bewunner ze schützen.

D’CSV rifft d’Regierung derzou op, endlech och de Gemenge kloer Consignen ze ginn, wat Verhalensreegelen am Ëmgank mat der Epidemie ubelaangen. Dozou gehéiert un éischter Stell, datt dréngend primär Déngschtleeschtungen, wéi d’Versuergung mat Drénkwaasser mussen esou organiséiert ginn, datt och am Fall vun Infektioune beim Personal dës Versuergung séchergestallt ass.

 

Matgedeelt vum CSV Generalsekretariat den 12. Mäerz 2020 -14.20h