Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet den CSV-Nationalkomitee haut eestëmmeg decidéiert de Paul Galles Generalsekretär adjoint ze nennen.
Den Deputéierten a Stater Gemengerot Paul Galles wäert vun elo un d’CSV an hirer politescher Programmatik ënnerstëtzen.
Nieft dem Paul Galles ass d’Kim Mosel d’Generalsekretärin adjointe.
Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat