E wichtege Moment an engem entscheedende Joer

An der fräier Tribün geet de Parteipresident Marc Spautz op de Konvent vun nächste Samschdeg an, wou d’Kandidatelëschte vun der CSV wäerte bestëmmt ginn. Et gëtt eng wichteg Etapp fir d’Partei a fir de politesche Wiessel am Land.

 

“Den nächste Samschdeg ass et um Konvent d’Kandidate vun der CSV fir d’Landeswale vum 14. Oktober ze bestëmmen. Dëst ass eng wichteg politesch Etapp fir eis Partei a fir de politesche Wiessel am Land.

Firwat wëlle mäer dëse politesche Wiessel? Dat hu mir an deene leschte Joren a Méint an der Oppositioun méi ewéi kloer gemaach. Mäer hunn eng ganz Rei konstruktiv Virschléi gemaach. Ech erënneren hei, fir nëmmen e puer Beispiller ze ginn, un de Wunnengsbau, d’Steierpolitik virun allem awer och d’Educatiounspolitik an eng ganz Rëtsch Froe ronderëm d’Sozialpolitik.

Als Vollekspartei hu mäer den Usproch Politik ze maache fir all d’Leit a besonnesche Wäert op Solidaritéit mat deenen ze leenen, déi aus wat fir enge Grënn och ëmmer et méi schwéier hunn am Liewen. Dëst hu mäer zum Beispill mat eiser Positioun an der Familljepolitik kloer gemaach, wou et net ka sinn, datt manner gutt gestallte Famillje mat méi Kanner manner gutt bei Reformen ewech kommen. Mäer stinn als Partei fir sozial Gerechtegkeet. An dat bleift esou.

Zeréck zum Konvent

Mat der Bestëmmung vun eise Lëschten an de véier Wahlbezierker duerch eis Basis ass da gewosst, mat wat fir enger Equipe mäer am Oktober untrieden. Et wäerte Lëschte sinn, mat engagéierte Leit, déi fir eist Land stinn. Et wäerten och Lëschte sinn, déi d’Erneierung vun der Partei ënnersträichen. Nom Motto: Erfahrung an Erneierung.

Elo geet et och ëm dat Programmatescht. Mäer sinn dobäi ee Wahlprogramm auszeschaffen, dee bei eise Spëtzekandidat Claude Wiseler an eis Kandidate passt. Mäer wëllen dem Land e Plang  virschloen, deen Äntwerten op déi Froe gëtt, déi d’Leit sech stellen. Mäer wëllen déi Themen uschwätzen, déi de Leit Suerge maachen. Dat huet näischt mat Angscht maachen ze dinn.

Ganz am Géigendeel: Wann een doriwwer schwätzt a Léisunge proposéiert, wéi mer als Land solle wuessen, dann ass dat d’Flicht vun der Politik. Mäer gesinn dat esou. D’Politik gëtt fir de Bierger gemaach. Dofir musse mer de Bierger eescht huelen.

An d’Leit maachen sech Suergen. Wéi gesäit meng Aarbecht an enger digitaliséierter Welt aus? Wou fanne meng Kanner eng Aarbecht? An hunn si eng fair Chance an enger globaler Welt, déi ëmmer méi séier gëtt? Net ze schwätze vun der Fro no Logementer, déi bezuelbar sinn.

Alles dat si Froen, mat deene mäer eis intensiv an der Partei beschäftegen. Dee fäerdege Plang gëtt viru Summer an eise Gremie beschloss an duerno pünktlech fir de Wahlkampf dem Land an de Leit virgestallt.

Am Virfeld dovu freeë mer eis als Partei, mat eise Kandidate mat iech all ze diskutéieren. Mir wëllen e Plang, dee bei d’Land passt an dee Lëtzebuerg fit mécht fir d’Zukunft.”