Kongresser Ënnerorganisatiounen 2018

Nieft de Bezierker haten och d’Ënnerorganisatiounen an de leschte Wochen hir Nationalkongresser.

CSV International (8. Mäerz zu Miersch)

Um Kongress vun der CSV International huet de President Michael Engbork besonnesch op d’Aktivitéite vun der CSi am Kader vun de Gemengewahlen zeréckgebléckt. Esou huet een zesumme mam CSV-Generalsekretariat eng erfollegräich Videocampagne gemaach, esouwuel fir méi auslännesch Matbierger un engem politeschen Engagement ze interesséieren, awer och méi Auslänner dozou ze beweegen sech op de Wielerlëschten anzeschreiwen. An den nächste Méint wéilt een sech awer och aus dem Bléckwénkel vun den auslännesche Communautéite mat den Erausfuerderungen am Wunnengsbau, an der Educatioun, bei den administrativen Demarchen a bei der Integratioun beschäftegen. Als CSV-Gaaschtriedner sinn d’Deputéiert Martine Hansen op d’Educatiounspolitik, de Deputéierte Laurent Mosar op d’europäesch Integratioun an de Brexit, d’CSJ-Presidentin Elisabeth Margue op déi Jonk an der Partei an d’bäigeuerdnet Generalsekretärin Stéphanie Weydert op de parteipoliteschen Engagement vun Auslänner an der CSV agaangen.

CSJ – Chrëschtlech-Sozial Jugend (3. Mäerz zu Walfer)

2018 gëtt e Joer vu grousse Chancen, huet d’CSJ-Nationalpräsidentin Elisabeth Margue um Kongress ënnerstrach. D’Wahljoer géif grad der Jugend d’Méiglechkeet ginn hir Iddien an der Partei anzebréngen an e Wahlprogramm mat klore Zukunftsvisioune fir Lëtzebuerg matopzestellen. “Mir wëllen e Programm, mat dem mir eis identifizéiere kënnen an deen op eise chrëschtlech-soziale Wäerter baséiert”, esou d’Elisabeth Margue. Dofir wëll een sech an den nächste Méint zesummen asetzen. D’Parteijugend geet d’Erausfuerderungen op alle Fall mat Zouversiicht un, och wann déi aktuell Regierung a Beräicher wéi dem Wunnengsbau géing versoen oder léiwer viru wichtege Froen, ewéi der laangfristeger Ofsécherung vun de Sozialsystemer, d’An verschléisst.

Déi gutt 70 Jonker hunn um Kongress dann och iwwert hir Proposen a punkto Digitaliséierung, Wunnengsbau, Chancëgläichheet, Wirtschaft a Pensiounssystem debattéiert. Lëtzebuerg hätt all Chancë Virreider beim technologesche Fortschrëtt a zum Virbild vun enger nohalteger a sozialgerechter Gesellschaft ze ginn, esou de klore Message vum Kongress. Virraussetzung wär awer eng couragéis an zukunftsorientéiert Politik. Et bräicht eng Politik, déi dem CSJ-Motto “Oppe, sozial a responsabel” och gerecht géif ginn. Et bräicht de politesche Wiessel.

Video CSJ-Kongress

Fotosgalerie CSJ-Kongress

Weider Informatiounen an all d’Positiounen a Resolutiounen vum CSJ-Nationalkongress fannt Dir hei (CSJ-Internetsite).

 

CSF – Chrëschtlech-Sozial Fraen (28. Februar zu Nidderaanwen)

Brauch eng Partei haut ëmmer nach eng spezifesch Fraenorganisatioun? Déi Fro géif reegelméisseg opkommen, esou d’Karin Meyer, CSF-Presidentin. D’Äntwert wär ganz kloer: Jo! Och wann d’Gläichberechtegung an de Gesetzer an an der Verfassung verankert wären, wär se awer a verschiddene Beräicher vun der Gesellschaft ëmmer nach keng Realitéit. Et wär encourageant, datt méi jonk Fraen ewéi fréier sech géife parteipolitesch engagéieren. Och goufen dat lescht Joer eng Rei Frae bei de Gemengewahle gewielt. Gemengen ewéi Buerschent, Conter, Fiels, Leideleng oder Sandweiler hätten haut eng CSV-Buergermeeschtesch. An awer géif nach vill Aarbecht ustoe fir méi Frae fir Politik ze begeeschteren. Als CSF wär een houfreg drop, datt d’CSV sech fest virgeholl huet d’Zil vu 40 Prozent Kandidatinnen op de Lëschte fir d’Chamberwahlen ze erreechen.

Um CSF-Kongress ass d’Martine Hansen, Deputéiert an Educatiounsspriecherin vun der CSV, op d’Reformproposë vun der Partei an der Educatiounspolitik agaangen. Während d’Regierung hei net eng, mä eng ganz Rei riseg Baustellen hannerléisst, wëll eng CSV keen Aktionismus méi, mä e schlëssege System, deen op d’Zesummenaarbecht an den Dialog vun allen Akteuren (Politik, Léierpersonal, Elteren an de Kanner) opbaut.

 

CSG – Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit (27. Februar zu Monnerech)

D’Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit hunn op hirem Kongress e neie Comité gewielt. De Claude Clemes, Gemengerot zu Monnerech, gouf fir weider dräi Joer am Amt bestätegt. Mam Alain Gillet, Gemengerot zu Beetebuerg, gouf en neie Sekretär gewielt.

“Mir freeën eis natierlech iwwert déi gewonne Gemengewahlen”, esou de Claude Clemes. Dat grousst Vertrauen, dat d’Wieler 2017 der Partei entgéintbruecht hunn, géif awer elo och d’CSV-Gemengevertrieder dozou verflichten 100% Asaz ze bréngen an déi grouss Erwaardunge vun de Matbierger ze erfëllen. Un der CSG wär et elo sech nach méi mat den nationale Reformen a mat deren hire Konsequenzen op d’Gemengen auserneenzesetzen, ewéi z.B. der Reorganisatioun vun de Rettungsdéngschter. Natierlech wéilt een awer och kräfteg matupaken, fir datt och d’Nationalwahle fir d’CSV en Erfolleg ginn.

Fräi Tribün vum Claude Clemes, CSG-President am Kader vum Kongress

 

CSV-Senioren (28. Januar an der Stad)

Vun der Ofsécherung vun eise Pensiounen, iwwert eng kohärent Landesplanung, d’Verfassungsreform, d’Sécherheet, d‘Budgets- a Wirtschaftspolitik, d‘Edukatioun an och d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung … un interessanten Diskussiounsthemen huet et um Kongress vun de CSV-Seniore wierklech net gefeelt. Zesumme mam Spëtzekandidat a CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler ass d’Equipe vum Marcel Glesener, President vun de CSV-Senioren, op déi wichteg Zukunftsdefie fir Lëtzebuerg agaangen.

Eng Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwert de Kongress vun de CSV-Senioren fannt Dir hei (RTL-Internetsite).