Eis Kandidate fir d’Europawahlen

Kandidate2014_Gruppefoto_Virstellung_15-03-2014
v.l.n.r. Frank Engel, Marianne Pesch-Dondelinger, Georges Bach, Viviane Reding, Christophe Hansen, Isabel Wiseler-Santos Lima

„D’Kompetenz vun eiser Equipe ass eist Stäerkt. Et geet dorëms genuch Substanz ze hunn fir kënnen déi lëtzebuerger Positioune wierksam an Europa duerzeleeën an ze verdeedegen. All eis Kandidaten hunn an hirem Beruffsliewen an an hirem politesche Liewe bewisen, datt si dat kënnen,“ esou d’EU-Justizkommissärin a Spëtzekandidatin Viviane Reding bei der Virstellung vun der CSV-Lëscht fir d’Europawahlen.

Eis Kandidaten am Iwwerbléck

Viviane REDING

  • Lëtzebuerg
  • 62 Joer
  • Mamm vun 3 Kanner
  • Dokter a Gëschteswëssenschaften
  • EU-Justizkommissärin, Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun

Georges BACH

  • Lëtzebuerg
  • 58 Joer
  • Bestuet a Papp vun 3 Kanner
  • Eisebunner, fréiere President vum Syprolux
  • Europadeputéierten

Frank ENGEL

  • Lëtzebuerg
  • 38 Joer
  • Jurist, fréiere Fraktiounssekretär
  • Europadeputéierten

Christophe HANSEN

  • Donkels
  • 32 Joer
  • Bestuet
  • Master an Ëweltwëssenschaften
  • Chargé de Mission fir d’EU-Présidence am Beräich Ëmwelt, Klima an Energie
  • Gemengeconseiller

Marianne PESCH-DONDELINGER

  • Krautem
  • 55 Joer
  • Witfra a Mamm vun 2 Kanner
  • Bauerefra
  • Gemengeconseillère

Isabel WISELER-SANTOS LIMA

  • Lëtzebuerg
  • 52 Joer
  • Bestuet a Mamm vun 3 Kanner
  • Maîtrise de Lettres modernes, Professesch, Attachée à la direction
  • Gemengeconseillère vun der Stad Lëtzebuerg