Fotosexpositioun Pierre Werner am Cloître vun der Abbaye de Neumünster

Am Kader vum Centenaire vun der Gebuert vum Pierre Werner, de 29. Dezember 1913, ass vu Freides, dem 22. November un eng interessant Fotosausstellung am Cloître vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster.

Op 74 Fotoe grand format ginn d’Etappen am Liewen vum Pierre Werner retracéiert. D’Ausstellung gëtt en Abléck an e räichhaltegt Liewen a breet Schaffenswierk op nationalem an europäeschem Plang.

Den Pierre Werner war e Personnage mat ville Facetten, eng Rei dovun, och déi vum jovialen Familljen-  a Privatmënsch Pierre Werner awer och déi vum Staatsman, Finanzexpert an Europa-Visionär fënnt en an der Ausstellung erëm, déi bis den 1. Dezember op ass, all Dag vun 11.00 – 18.00 Auer. D’Ausstellung ass zesummegestallt ginn vum Här Henri Werner an dem Professer Jean-Marie Majerus.

P1020461D’Expositioun ass eng vun de Manifestatiounen, déi am Kader vum Centenaire stattfannen. Dënschdes, de 26. November ass an der Abbaye de Neumünster eng Séance académique, organiséiert vun der CSV, Mëttwochs, de 27. November fënnt eng Table-ronde vum CVCE (Centre virtuel de la Connaissance sur l’Europe) an dem IPW (Institut Pierre Werner) statt. D’Zäitzeien a Familljememberen liichten d’Personalitéit, d’Iwwerzeegungen an d’Aktioun vum  Pierre Werner aus.  Am Cadre vun engem internationale Colloque vum CVCE, Mëttwochs de 27. November an Donneschdes, den 28. November gëtt dat europäescht Wierk vum Pierre Werner analyséiert. Mam Werner-Plang, 1970, ass de Wee an di Europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun an domat an den Euro virgezeechent ginn. Den Ofschloss vum Centenaire ass Méindes, de 9. Dezember mat engem Concert vun de Solistes européens an der Philharmonie.

Den Detail zum Centenaire, di vill Associatiounen, déi zesumme mat der Famill Werner, matgeschafft hunn, fënnt en op csv.lu, cvce.eu, op facebook oder um Telefon 22 57 311.

Programm Centenaire Pierre Werner