E flotte Familljendag am Parc merveilleux

D’CSV ass eng grouss Vollekspartei. Als klenge Merci fir den Asaz, d’Engagement an d’Vertrauen invitéieren d’CSV-Generalsekretariat an d’Fraktioun all Memberen an hir Familljen an de Beetebuerger Parc merveilleux.

Ob beim Ponyexpress, beim landbekannte Ris oder bei de villen Déieren, de Mäerchepark ass ëmmer nees déi ideal Geleeënheet, e flotte Familljendag ze verbréngen.

Den Entrée fir d’CSV-Memberen an hir Famill ass fräi. Eng Umellung ass obligatoresch! Umelle kënn Dir Iech bis en Donneschden, den 6. Juni 2013 um Tel. 22 57 31 -1, op [email protected] oder per Fax 47 27 16.

 

Programm
10.30 Auer Mass an der Beetebuerger Kierch
12.00 Auer Begréissungsusproch am CSV-Zelt am Park
12.30 Auer Concert-Apéro
12.30 – 15.30 Auer Gegrills & Zalotebuffet
De ganze Mëtteg Kaffisstuff am Zelt

 

Profitéiert och vum ëffentlechen Transport: eng Busnavette funktionéiert vum P&R Beetebuerg-Gare bis bei de Park.

PlangNavette01