Stephan Toscani bei der CSV

De Stephan Toscani, Finanz- an Europaminister aus dem Saarland war op Besuch bei der CSV zu Lëtzebuerg.
D’Zesummenaarbecht an der Groussregioun, gemeinsam Aktivitéite vun CSV an CDU Saar doriwwer huet de Stephan Toscani ënner anerem mam Michel Wolter, dem Laurent Zeimet, dem Martine Mergen a Pierre Lorang geschwat. Weider Gespréicher vum Stephan Toscani ware mat den zwee Ministeren Jean-Marie Halsdorf a Marc Spautz a mam Félix Eischen.