Interessant Diskussiounen

De fënneften CSV on Tour 2013 war am Osten an der Buvette op Flohr zu Gréiwemaacher. Virun engem volle Sall stoungen d’CSV-Ministeren an -Deputéierten Ried an Äntwert.Virun allem d’Wunnengsmaartpolitik , d‘Aarbechtslosegkeet am allgemengen an de Jugendchômage am spezielle waren d’Themen an der Diskussioun. Donieft goung et nach ëm d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg an ëm d’Bankgeheimnis.