CSV on Tour 2013 am Norden zu Mäerzeg

Grousse Succès gëschter fir den CSV on Tour 2013 am Norden am Centre Turelbaach zu Mäerzeg. Iwwer 2 Stonne laang gouf mat den Deputéierten an de Ministeren diskutéiert. Et war och den éischten offiziellen Optrëtt fir di nei Ministerin fir Héichschoul a Recherche, d’Martine Hansen a fir de neie CSV-Fraktiounschef Gilles Roth.

Mat enger Standing Ovation hunn d’Leit aus dem Norden e Méindeg den Owend dem Marie-Josée Jacobs Merci gesot fir 30 Joer am Déngscht vum Land a vun der Regioun.

Haut den Owend ass den CSV on Tour am Osten zu Gréiwemaacher an der Buvette op Flohr. Ufank um 19.30 Auer.