Mobilitéit am Süden

Gutt 2 Stonne laang stoung de Claude Wiseler, Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, e Méindeg den Owend zu Leideleng Ried an Äntwert an huet mat de Leit iwwert d’Mobilitéit am Süden diskutéiert.

D’Konferenz  war vum CSV-Südbezierk organiséiert ginn.

15 04 2013 csv süden mobiltéit leudelenge facebook

No enger allgemenger Aféierung an d’Strategie MoDu (mobilité durable) ass et méi spezifesch ëm d’Projet’en am Süde vum Land gaangen.

Geschwat gouf iwwert  aal bekannte Geschichten, wéi de Rondpoint Point zu Helleng an iwwert nei Erausfuerderungen, wéi zum Beispill d’Verkéiersubannung vum Quartier Belval tëscht de Gemengen Esch a Suessem oder wéi d’Opfangparkingen, déi bei verschiddene Garë geschafe ginn, fir datt d‘Leit besser vum Auto op den Zuch ëmklamme kennen a fir datt domadder manner Autoen a Richtung Staat fueren.