Festival des Migrations

D’CSV war och dëst Joer um Migratiounsfestival an der LuxExpo um Kierchbierg mat derbäi an et war derwäert. Um Stand 209 an der Hal 2 war eng lass.

Mir hun eis traditionell Orange verdeelt a sinn esou mat ville Leit an d’Gespréich komm. Migratioun, Integratioun, Nationalitéit a Sprooch si Stéchwierder aus de villen Diskussiounen.

Eemol méi konnt d’CSV ënnersträichen, datt ënnert dem Daach vun der grousser Vollekspartei di ënnerschiddlechste Mënschen zesummekommen an zesummeliewe kënnen.

Mir freeën eis elo schonns op d’Editioun 2014 vum Festival des Migrations.