D’CSV wënscht dem Poopst Franziskus all Guddes fir di grouss Erausfuerderungen unzegoen, déi sech der Kierch stellen.

Di lescht Deeg hu gewisen, wéi vill Hoffnung an de Poopst gesat gëtt a mat wie vill Zouversiicht op e neie Poopst gewaart ginn ass. D’Kierch gëtt och an der Welt vun haut der Solidaritéit eng Stëmm an eng konkret Form. An dem Sënn ass de Numm vum neie Poopst, Franziskus, en däitlecht Signal. De Franziskus hat eng Optioun fir di Aarm. Dat de neie Poopst sech dëse Numm gëtt, ass e wichtegt Signal, dat d’Kiirch sech op di einfach a kloer Botschaft vun der Matmënschlechkeet a Solidaritéit konzentréiert.

Ganz besonnesch wënscht d’CSV dem Poopst Franziskus eng gutt Gesondheet a vill Kraaft.

Matgedeelt vum CSV Generalsekretariat