CSV-Nationalkongress (2)

Weider flott Andréck vun engem gelongenen a liewegen Nationalkongress, fir den sech e Samschden, 9. Mäerz 2013, gutt 600 Parteimemberen afonnt haten.

Mandatairen, Delegéiert a Frënn hunn a gudder Stëmmung diskutéiert an de Riede vum CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, vum Fraktiounspresident Marc Spautz, vum Parteipresident Michel Wolter a vum Premierminister Jean-Claude Juncker gelauschtert.

Eng CSV, déi sech net nëmmen an engem opgefrëschte Look presentéiert, ma och inhaltlech kloergemaach huet, dat se frësch ass a sech mat ganzer Energie fir Leit a Land engagéiert.