CSV-Nationalkongress

Volle Sall haut am Centre Gaston Stein zu Jonglënster. Ronn 600 Mandatairen, Delegéiert a Frënn waren um CSV-Nationalkongress derbäi.
Eis Partei huet sech do net nëmmen an engem opgefrëschte Look presentéiert, mat ënnert anerem engem neie Logo an enger neier Bühn, ma si huet och inhaltlech kloergemaacht, dat se frësch ass a sech mat ganzer Energie fir Leit a Land engagéiert.

“Mir hunn e klore Kompass, dat sinn eis Wäerter. Dat sinn eis Grondsätz”, esou de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. “Mir sinn d’Partei vun der Solidaritéit a vun der Ëmverdeelung”.

“Chômagebekämpfung ass elo d’Prioritéit vun de Prioritéiten”, sot den  CSV- Fraktiounspresident Marc Spautz. “Och de Jugendchômage ass keng Fatalitéit. D’Jugend ass eis Zukunft. Hir Wënsch gehéieren an de Mëttelpunkt. Dofir proposéiere mir 12 Joer nom Rentendësch een Zukunftsjugenddësch. Net iwwert déi Jonk, ma mat de Jonken zesummen.”, sou de Marc Spautz, deen och nach ënnerstrach huet, datt mer mussen eraus goe bei d’Leit an eis Politik erklären.

“Mir schaffen am Interêt vum Land, net alles geléngt eis, awer mir kënnen op villes houfreg sinn. Wa mir de Bilan maachen, dann ass dee positiv”, huet de Parteipresident  Michel Wolter betount.

“Am Wunnengsbau gëtt et Zäit, datt de Staat an de nächste Joeren bëllege Wunnraum fir d’Mënschen zur Verfügung stellt. Mir musse manner bei der Demande, ma méi op der Säit vun der Offer agéieren.“, sot de  Michel Wolter.

Fir de Premier Jean-Claude Juncker gëtt et Zäit, datt mir elo an der Politik e Punkt maachen a nees op de Punkt kommen:  „Mir mussen eis nees op déi essentiell Erausfuerderungen a Problemer fir d’Land an eise Kontinent konzentréieren.“

Dozou gehéiert, datt mer eis intensiv ëm di Jonk bekëmmeren. De Niveau vum Jugendchômage ass einfach ze héich.

Da soll Lëtzebuerg dem Premier no nees Weltmeeschter an de kuerze Weeër ginn. Een den hei investéiere an d’Land no vir brénge wëll, soll och d’Méiglechkeet derzou kréien. Dofir gëtt déi ganz Gesetzgebung iwwerpréift  mam Ziel vun enger  Acceleratioun vun de Prozeduren.

Wéinst der sozialer Fairness soll dem Jean-Claude Juncker no an eisen nächste Wahlprogramm kloer stoe kommen, datt den Index an de Joere vun der Kris gedeckelt gëtt.

“Nëmme wa mir Politik mat Begeeschterung maachen, wa mir selwer dovunner iwwerzeegt sinn, wa mir un dat Gutt an dat Nobelt an der Politik gleewen, da wäerte mir och an Zukunft de Mënschen an dem Land weider Déngscht leeschten a weider regéieren. Ech op alle Fall hu nach Loscht dat weider ze maachen”  sot de Jean-Claude Juncker.