Matschwätzen, mat decidéieren

Educatioun, Aarbecht a Gewalt géigeniwwer vu Fraen, dat sinn Themen, di d’chrëschtlech-sozial Fraen an de nächste Méint méi prioritär wëllen ugoen. D’CSF wäerten hir Verantwortung iwwerhuelen a sech beim Ausschaffe vun de Positioune vun der Partei zu Wuert melden an eege Proposë fir de Wahlprogramm vun der CSV 2014 maachen, esou d’Karin Meyer, Presidentin vun der CSF um Nationalkongress e Mëttwoch an der Lorettos’Kapell um Sennéngerbierg.

« Beruff oder Famill »

« Beruff oder Famill » duerf et haut net méi heeschen, sou d’Françoise Hetto Gaasch, Ministesch fir Chancëgläichheet, « mir mussen derfir suergen, datt d’Fraen ewéi d’Männer, béides gudd matenee verbanne kënnen. » Dofir bräichte mir ënnert anerem méi flexibel Aarbechtszäiten, Crèchen an eng méi grouss Offer vun den Dageselteren.

Virun allem awer wär et wichteg, datt béid Partner am Stot eng Hand mat upaken. Och wann et Fortschrëtter ginn, wär e Mentalitéitswiessel  zu Lëtzebuerg a punkto „Congé parental“ nach ëmmer néideg, sou d‘Ministesch.

Frae sollten sech am Beruff och méi zoutrauen. Just 1 vu 5 Betriber gëtt vun enger Fra gegrënnt. Méi Selbstbewosstsinn brauchen d’Fraen awer och wann et ëm Spëtzepositiounen an den Entreprise geet. Déi Fraen, déi Qualifikatiounen hunn an déi wëllen op sou Posten, an där ginn et der vill, sollen sech dat nach méi zoutrauen an couragéiert drun erugoen.

Dat ass awer net nëmme fir d’Frae selwer wichteg, ma och fir d’Betriber. Studie géinge weisen, datt Betriber, wou am Verwaltungsrot  e gudde Mix u Fraen a Männer ass, déi bescht Resultater géingen erzielen.

„Keng Entschëllegung“

D’EU-Kommissärin Viviane Reding huet betount, datt den Undeel vun de Frae bei den Universitéitsdiplomer an Europa bei 60 Prozent läit. Och a Beräicher, ewéi der Wirtschaft an dem Management, ginn et dausende Fraen, déi déi néideg Qualifikatiounen an Beruffserfahrungen hunn. Et géif haut fir déi grouss europäesch Entreprise keng Entschëllegung ginn, keng Fraen an de Conseil d’administration opzehuelen.

„Net ouni Quoten“

De Fraktiounspresident Marc Spautz huet ënnerstrach, datt et wichteg ass, datt Fraen net nëmmen an deene Beräicher  politesch Féierungspositiounen iwwerhuelen, déi ëmmer direkt mat hinnen associéiert ginn, ewéi Famill, Educatioun oder Gesondheet, ma och a Beräicher ewéi de Staatsfinanzen, der Landwirtschaft oder der Justiz.  Do misst een awer feststellen, datt et zum Beispill ënnert de Budgetsrapporteren an der Chamber bis haut ganz wéineg Frae goufen. Hien wär zwar kee Frënd vu Quoten, ma hien géif awer gesinn, datt et am Moment nach net ouni géif goen.

„Zil ass d’Paritéit“

De Generalsekretär Laurent Zeimet huet betount, datt och eng CSV nach muss an hire Gremien a bei de Kandidaten Efforte maachen. D’Partei hätt sech zwar eng Geschlechterquote vun engem Drëttel ginn. Allerdéngs dierft e net vergiessen, datt d’Zil d’Paritéit ass.  Bei der Opstellung vun de Wahllëschte fir 2014 wär et wichteg méiglechst vill gutt a kompetent Fraen op d’Lëschten ze kréien. Hei géif e fest op d‘CSF zielen!