CSG-Kongress zu Steesel

An der laanger Rei vun den CSV-Kongress huet d’CSG, (Chrëschtlech-Sozial-Gemengeréit)  gëschter den Ufank gemat.

Diskutéiert gouf iwwer wichteg Theme vun de nächste Méint, nämlech de Waasserpräis an d’kommunal Finanzen. En anere Sujet waren di allgemeng Bebauungspläng (PAG).

Un Aarbecht feelt et deemno net an de Gemengen. Fir d’Erausfuerderungen am Déngscht vun de Bierger ze meeschteren, ass eng méi enk an efficace  Zesummenaarbecht tëscht kommunalem a nationalem Plang néideg, gouf e puermol an de Riede gëschter betount. An deem Kontext huet d’CSG och eng Resolutioun iwwert „Administrativ Vereinfachung“ ausgeschafft.

 

Artikel iwwert den CSG-Kongress aus dem “Le Quotidien” http://bit.ly/TDa1Ch