CSV Neijoersreceptioun

Vill Mandatairen, Memberen a Frënn vun der CSV haten de Wee en Dënschdeg den Owend op d’Neijoersreceptioun vun der Partei am Centre  Barblé zu Stroossen fonnt. Vu Regierung, Fraktioun a Partei goufen et di beschte Wënsch fir 2013.

Och am neie Joer wäert et néideg sinn, weider Ustrengungen ze ënnerhuelen, fir d’ Land an der Riit ze halen. Equilibréiert Staatsfinanzen, Kompetitivitéit an d’Lutte géint de Chômage sinn e puer Stéchwierder aus de Riede gëschter vum Premier Jean-Claude Juncker, dem Fraktiounspresident Marc Spautz an dem Michel Wolter. De Parteipresident huet betount, datt een sech den Erausfuerderunge wäert stellen.

 

Fotoen: Carlo Hommel