Fraepolitik mat Prioritéiten

Eng fräi politesch Tribün vum Karin Meyer, Presidentin vun der CSF

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer

An knapp engem Mount ass erëm eng Kéier den Internationale Fraendag an dest Joer féiere mir den 101ten Gebuertsdag. Dat d’Fraen och haut nach d’Gläichberechtegung mussen erstreiden, obwuel se vun den Gesetzer hirgesinn schonns do misst sinn, ass eng onbestridden Tatsaach. An dat sech dest Fraen net méi gefale loossen, beweisen eng Réi vu rezente Beispiller, wéi a Frankräich oder an Däitschland. Prioritär gëtt et do ëm d’Thema vun der ongenügender Representatioun vun den Fraen um wirtschaftlechen a politesche Plang.

Um politesche Plang huet d’CSV schonns viru Joren eng Quote vun 30% vun dem ënnerrepresentéierte Geschlecht agefouert an dës gëtt bei den Wahlen zu den Gremien, déi am Gang sinn nei bestëmmt ze ginn, och applizéiert. Dest gëllt a huet och gegollen vir d’Opstelle vun den Leschte vir d’Gemengen-, d’National- an d’Europawahlen.

Dat dës Quotéierung net no jidderengem sengem Goût ass, sief mol dohigestallt. A mengen Aen awer komme mer net méi laanscht eng Quotéierung, och wann dest bei munchem – och béi Fraen – op Ofleenung stéisst. D’Ausso: ech well wéinst menger Qualifikatioun geholl ginn, an net well ech eng Fra sinn, ass een oft gehéierte Saz. Dest huet awer an den leschte Jorzéngten net dozou gefouert, dat sech eppes wesentleches un der Representatioun vun den Fraen an zwar op alle Pläng gedinn huet. Iwwregens hunn och Männer hire Quotesystem, wéi Regioun, Beruff, Alter. An hei gëtt am seltestens Fall een Opstand wéinst der Quote gemaach.

Wann awer elo 60% vun den Universitéitsofschless vu Frae gemaach ginn, firwat fanne mer se dann awer net – zoumols wann den Critèrë Qualifikatioun gëllt – an den sougenannte postes à responsabilité an postes à decision erëm?

An op déi Fro kritt een da keng oder zumindest keng konkluant Äntwert – ausser et brauch Alles seng Zäit, bis et esou wäit ass : Eng Ausso, déi lo schonns zënter Jorzéngte gebraucht gëtt. An anere Wieder Frae gedëllegt iech nach ee puer Jorzéngten! An dest kann et jo net sinn!

Mir hunn keng Zäit méi! Eis Gesellschaft, eis Betriber kennen et sech op Dauer am internationale Wettbewerb – an der Mondialisatioun – net leschten, d’Halschent vun den Talenter an dem Wëssen aus hirer Populatioun ze negligéieren. Eisen Taux d’emploi national eropsetze kenne mer nëmmen, wa mer op d’Fraen zeréckgräifen. Sie hunn déi néideg Qualifikatiounen, sie musse just an den Betriber, mée och am ëffentlechen Déngscht op Décisiounsposten kommen. Ech weess dat dann ëmmer d’Replik kennt an den Schoulen an béi dem edukative Personal misst och eng Quote vir d’Männer agefouert ginn. Kee Problem, wann d’Fraen am Géigenzuch déi aner Quote kréien.

Dat virun allem an der Wirtschaft Handlungsbedarf ass, huet och d’Europäesch Kommissioun an der Persoun vun der Madame Viviane Reding erkannt, déi lescht Joer am Mäerz vun den boursennotéierten Betriber verlaangt huet, méi Fraen, well se an den Decisiounsgremien manifest ënnerrepresentéiert sinn, ze nennen. Elo no engem Joer, wou d’Entreprisen Zäit haten ouni Drock an mat enger selwer gewieltener Selbstverpflichtung méi Fraen an hire Gremien ze hunn, ass awer no dem hautegen Kenntnisstand ze befärten, dat dest mat enger sougenannter Selbstverpflichtung net vill bruecht huet.

De leschte Weekend elo huet Madame Reding zu Berlin déi sougenannte Berliner Erklärung vum Dezember 2011 ënnerschriwwenen, déi verlaangt, dat d’Gläichberechtegung an eisem Nopeschland endlech duerch gesetzlech verbindlech Moossnamen erreecht gëtt. An hei emol vir alleréischt an den Betriber. Ech kann se nëmme béi dësem Schrëtt ënnerstëtzen.

An nächster Zäit wärt och d’CSF sech méi konkret mat dëser Thematik befaassen an versichen zesumme mat den Männer, déi eis op dem Wee zur de facto Gläichberechtegung ze kommen, ënnerstëtzen Ech ass och ze hoffen, dat an dësem Kontext d’Fraen ënnert sech Solidaritéit spille loossen.

 

Merci vir d’Nolauschteren

(Nëmmen de geschwaaten Text gellt)