Persepktive fir eis Gemengen

Eng Fräi Tribün vum Paul Weimerskirch, Nationalsekretär vun der CSG (Vereenegung vun den CSV Gemengeréit)

Perspektive fir eis Gemengen. Mat Sécherheet keen räissereschen Titel. An dach sinn dëst an Zäite vu Kris, méi schwieregen economeschen Aussiichten, an aneren (oder zumindest verännerter) finanzielle Situatiounen Froen, déi net ze ënnerschätzen sinn. Iwwer d’Gemengekompetenzen an d’kommunal Aufgabe – besonnesch déi fakultativ – no ze denken a dës ze hannerfroën – ass nie e Feeler!

Responsabilitéit iwwerhuelen

Wa mir eis Gemengen lieweg a gesond erhale wëllen, da muss d’ Fro, wat kann, soll a muss eng Gemeng leeschten kënne, méi ewéi erlaabt sinn! An dat ass eng Fro, déi net alleng vun der Politik ze beäntweren ass, neen, eigentlech ass hei jidder Eenzelen gefuerdert Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

E bësse lapidar gëtt ëmmer nees gesot, datt d’ Gemengen d’ Séil vun engem Land sinn. An dat ass jo och net falsch. Hei gëtt am groussen an och am klengen, eng groussaarteg Aarbecht geleescht fir jonk an al, sief dat an de Sport- a Kulturveräiner – oder an de villen Associatiounen, wou Leit sech aktiv a fräiwëlleg an den Déngscht vun hire Matmënsche stellen, sech onentgeldlech engagéieren an esou zu engem Mateneen an zu Integratioun bäidroen. Enger Aarbecht deemno, déi mir mat Respekt begéine solle, an déi eng moralesch a finanziell Ënnerstëtzung verdéngt. Well hei schaffe Leit, déi net froen, wat kann a soll d’ Gemeng fir mech leeschten. Et si Leit, déi fir d’ Communautéit schaffen, am Stëllen oft, ouni sech dofir an de Mëttelpunkt ze drécken.

A grad dofir ass et wichteg a noutwenneg, datt de Gemengen deen Spillraum garantéiert bleift, deen se brauchen fir hir Aufgaben ze meeschteren, an deen se brauchen fir sech neien Erausfuerderungen och stellen ze kënne.

Gesond Finanzen 

Gesond Finanzen sinn eng vun den essentiellen Viraussetzungen. Um ordre du jour vun der nationaler Politik steet dofir jo och eng Reform vun de Gemengefinanzen; zwar léien hei nach keng konkret Detailer an Projeten vir – awer éischt Projeten an Iwwerleeungen sinn u geduecht a sollen demnächst diskutéiert ginn.

Hei ass net nëmmen déi national Politik gefuerdert, och all eenzel Gemeng, all eenzel Conseillers sinn opgefuerdert dofir ze suergen, datt d’ Steiersuen an den Gemengen sënnvoll agesat ginn, datt Investitiounen net iwwerdriwwen deier ginn an datt Servicer käschtendeckend organiséiert sinn. Net ze vergiessen ze soen, datt och d’Scholdesituatioun, also d’ Politik vun den Emprunts net planlos, awer mat Moss geschitt. Well, wann d’ Scholdespiral an enger Gemeng ufänkt ze dréinen, an eng Dynamik entwéckelt, déi net méi ze stoppen ass, dann ass villes, wat vun an an der Gemeng geleescht gëtt op laang Siicht net méi oprecht ze halen. Et ass ausserdeem jo och eng Fro vun der Generatiounen Solidaritéit.

Scholden maachen, ouni de Bléck op kommend Generatiounen ass irresponsabel. Och dëst sinn Elementer vun Perspektiven an Zukunftsentwécklungen vun den Gemengen.

Zukunftsentwécklungen garantéieren 

Am selwechten Geescht ass och d’ Fro vum Waasserpräis ze gesinn. Hei lafen bekanntlech Iwwerleeungen fir zu Lëtzebuerg een “Prix unique” vum Waasser anzeféieren. Des Orientéierung ass korrekt, och wa verschidden Deelaspekter nach ze klären bleiwen. Oder fannt Dir et richteg, dass bis zu 8 Euro Ënnerscheed op den Waasserpräisser an de Gemenge besteet?
Perspektiven schafen, Zukunftsentwécklungen garantéieren – ass vrun allem eng Fro vun Finanzen, awer net nëmmen. Et ass och eng Fro vun Infrastrukturen vun der territorialer Organisatioun a vum administrativen Opwand. Stéchwierder sinn hei Gemengefusiounen, nei Zesummenaarbechten tëschent den Gemengen, déi sougenannten “Plans directeurs sectoriels” an d’ Fro vun der Simplification administrative. Bei dësen Punkten a Leitlinnen geet et drëm eis Gemengen nach méi effizient ze organiséieren an opzestellen, dëst mat méi engem globalen Bléck.
Gemengen si keen Selbstzweck. All Bierger huet d’ Recht op eng modern an leeschtungsfäeg Gemeng. An fir dat ze garantéieren bleiwen nach e puer Aufgaben ze klären, vun der nationaler Politik, allerdéngs mat der Hëllef an der Stäip vu responsabele Gemengepolitiker.

Paul Weimerskirch,
Nationalsekretär vun der CSG