Ee friddlecht Zesummeliewen an enger liewenswäerter Gesellschaft, dat ass besonnesch och an enger Gemeng wichteg. Dofir setzen ech mech als Buergermeeschter an. Fir eng liewenswäert Gesellschaft opzebauen an ofzeséchere sinn d’Familljen- a Gesellschaftspolitik vun enger grousser Bedeitung. Fir eppes a senger Gemeng ze beweegen, muss ee bereet sinn, sech ze engagéieren. Eben och an der Politik, do wou d’Entscheedunge fir d’Gemeng geholl ginn.