Zousätzlech Hëllefen fir d’Wënzer no de schlëmmsten Fraschtschied an de leschten 30 Joer ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weider ze leeden.

De Frascht an der Nuecht op de leschte 5. Mee huet mat sech bruecht datt  op der Musel bis zu 40 Prozent vun de Riewe beschiedegt sinn. A verschiddene Lage sinn esouguer 100%  vun de Riewen zerstéiert. Experte ginn dovun aus datt et déi schlëmmste Fraschtschied an de leschten 30 Joer sinn.

Wann 2018 en excellent Joer fir de Wäibau war, esouwuel wat d’Quantitéit wéi och d’Qualitéit ugeet, esou muss ee wëssen datt d’Wënzer an de leschte 6 Joer aus verschiddene Grënn grouss Ertragsausfäll haten.

Haut huet e Mataarbechter vum Wäibauinstitut an der Press Aussoe gemaach, datt d’Wënzer eventuell zousätzlech Hëllefen ufroe kéinten.

Aus dëse Grënn géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt et scho verschidde Kompensatiounsmoossnamen am Fall vu Fraschtschied ginn, an op Grond vun den extrem héije Schied, gedenkt d’Regierung zousätzlech Hëllefen ze ginn?
  • Wa jo, wéi eng Hëllefe wieren dat?
  • Wëssend datt a Frankräich, wéi z.B. rezenterweis an der Bourgogne, an ähnleche Fäll oppe Feier an de Wéngerte gemaach gi fir Fraschtschied ze vermeiden, firwat ass esou eng Mesure op der Musel net machbar no den Aussoen haut an der Press.

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden                         Octavie Modert                    Françoise Hetto-Gaasch

Deputéierten                        Deputéiert                             Deputéiert

Zréck