Wouhinner mam Gréngschnëtt ?

Réponse à la question N° 2020 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée concernant Déchets de verdure, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement: QP 2020


Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un Madame Ëmweltminister weiderzeginn.

Am Règlement Grand-Ducal vum 18. Dezember 2015 sinn « avertissement taxé » virgesinn fir Verbrennen ënnert fräiem Himmel vun Hausoffäll (déchets ménagers et assimilés) respektiv Gréngschnëtt oder ähnleches (déchets de verdures).

An deem Kader, wollt ech der Madame Ëmweltminister dës Froe stellen:

Wei soll de Gréngschnëtt an Zukunft entsuergt ginn? Ass virgesinn dass d’Asammele vum Gréngschnëtt iwwer d’Land organiséiert gëtt? Ënnerstëtzt de Ministär d’Gemengen bei der Asammlung vum Gréngschnëtt a wann jo op wei eng Aart a Weis?

Zu Lëtzebuerg ginn et mëttlerweil vill Initiative fir eis Bongerten ze erhalen. D’ Verbrenne vum Gréngschnëtt war bis elo üblech Praxis. Hat Madame Minister Kontakt matt de Verantwortleche vun dësen Initiativen? Wéi gesi Sie d’ Problematik? Wéi eng Alternativen zum Verbrennen huet de Ministär proposéiert?

Aus phytosanitären Ursaache kënnte Problemer entstoen. Wann d’ Sträich matt Pilzer befale si besteet den Risiko datt d’ Sporen beim Kompostéieren iwwerliewen (wat beim Verbrennen net de Fall war). Wéi wëll de Ministär verhënneren datt esou Pilzerkrankungen sech verbreeden?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Députéiert

Zréck