Wou am Land gëtt et aktuell e Centre d’insertion socio-professionnelle?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

„D‘Centres d’insertion socio-professionnelle (CISP) fir d’Schüler, déi ee Schoulofbroch riskéieren oder schon ofgebrach hunn, ass eng wichteg Mesure, déi d’Verlängerung vun der Schoulflicht begleet. […] Aktuell ginn et schonn eng Partie CISPen, an et sollen nach anerer a verschiddene Regioune vum Land geschaf ginn.“ Dëst steet an der aktueller Ausgab vun „EduZoom“ ze liesen, déi virun e puer Deeg vum Educatiounsministère un d’Eltere vu Schüler gemailt ginn ass.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wou am Land gëtt et aktuell e Centre d’insertion socio-professionnelle?
  • Wéi vill wäerten der gebraucht ginn, wann d‘Schoulpflicht bis 18 Joer voll gräift?
  • Op wéi enge Plazen am Land sinn der nach geplangt a bis wéini sollen déi operationell sinn?
  • Muss nach eng gesetzlech Basis fir d’ Centres d’insertion socio-professionnelle geschafe ginn?
    • Wa jo, wat genau muss gesetzlech gereegelt ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck