Wier et méiglech de Leit, wann se ophale mat schaffen, e Bréif zoukommen ze loosse wou se drop opmierksam gemaach ginn, dass wann se wëlle Pensiounsrechter zu engem spéideren Zäitpunkt nokafen nieft dem Montant vun de « Cotisation dues » och nach Zënse mussen nobezuelt ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Persounen déi opgehalen hunn mat schaffe fir sech ënnert anerem em d’Erzéiung vun hirer Kanner ze këmmeren hunn d’Méiglechkeet retroaktiv Pensiounsrechter nozekafe fir déi Zäit wou se net cotiséiert hunn.

Wann « demande d’achat rétroactif de périodes d’assurance » guttgeheescht gëtt muss ee laut mengen Informatiounen nieft de geschellte Cotisatiounen och nach ee gewëssene Montant un « Intérêts échus » bezuelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen.

  • Kann den Här Minister des Informatioune bestätegen ?
  • Wéi an op wei enger Basis ginn d’« Intérêts échus » berechent ?
  • Wier et net méiglech de Leit, wann se ophale mat schaffen, e Bréif zoukommen ze loosse wou se drop opmierksam gemaach ginn, dass wann se wëlle Pensiounsrechter zu engem spéideren Zäitpunkt nokafen nieft dem Montant vun de « Cotisation dues » och nach Zënse mussen nobezuelt ginn ?

Här President mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

 

Zréck