Wéini ginn “Boosterimpfungen” fir déi Jugendlech zougelooss a kréie si bis dohinn Bonge fir gratis Tester zur Verfügung gestallt an sou laang wéi net all Etablissementer, wou den 2Gplus erfuerderlech ass, Tester kritt hunn?

Här President,

Sou wéi den Artikel 81 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet weiderzeleeden.

Nom Akraafttrieden vum neien Covid-Gesetz gëllt den 2Gplus a ville Fräizäitberäicher, fir déi Leit, déi nach kee “Booster” kritt hunn. Dëst ass ënnert anerem de Fall fir Jugendlech ënner 18 Joer, wëll dës hei zu Lëtzebuerg nach net kënnen “geboost” ginn.

An der Chambersplénière vum 24. Dezember sot de Premierminister sënngeméiss, datt et keen Sënn géif maachen, de Jugendlechen gratis Schnelltester zur Verfügung ze stellen, well déi Etablissementer an deenen den 2Gplus erfuerderlech ass, dëser Tester zur Verfügung gestallt kriten.

An de leschten Deeg huet sech allerdéngs erausgestallt, datt dëst op ville Platzen net klappt, mat der Konsequenz, datt déi Jugendlech u verschiddenen Aktivitéiten net kënnen Deel huelen oder datt si mussen selwer bezuelen fir de Schnelltest, obwuel si nach keng Méiglechkeet haten, sech boosten ze loossen.

An deem Kontext wëll ech der Madamm Ministesch folgend Froe stellen:

  • Wéini gedenkt d’Madamm Ministesch d'”Boosterimpfungen” fir déi Jugendlech zou ze loossen?
  • Ass d’Madamm Ministesch bereet, de Jugendlechen Bonge fir gratis Tester zur Verfügung ze stellen, sou laang wéi net all Etablissementer, wou den 2Gplus erfuerderlech ass, Tester kritt hunn?

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck