Wéi weit ass d’Preparatioun vum Bachelorprogramm fir Infirmieren ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet ewéi un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weider ze leeden.

 

 

An enger réunion jointe vun der Santés- an Edukatiounscommissioun, de 9. November 2021 huet den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung déi grouss Linnen vun der Reform vun de Gesondheetsberuffsformatiounen virgestallt. Deemno, wier de Lancement vun engem Bachelorsprogramm vir Infirmier de soins généraux vum akademeschen Joer 2023/24 un geplangt. Och wieren 4 Bachelorsprogrammen «infirmier spécialisé» virgesinn, déi entweder 2022/23 oder 2023/24 géingen lancéiert ginn. 2 Bachelorsprogrammer vir d’Hiewannsformatioun an assistant médical de radiologie géifen viraussiichtlech am Joer 2024/25 starten.

An dëser Reunioun huet d’Madamm Gesondheetsministesch och matgedeelt, datt d‘Attributiounen vun den verschiddenen Infirmierskategorien aktualiséiert géingen ginn.

 

Den 22./23. Januar 2022 ass am Luxemburger Wort eng Annonce publizéiert ginn fir e Recrutement vun engem Professeur ordinaire en Sciences infirmières op der Uni Lëtzebuerg. An dëser Annonce ass ënner anerem ze liesen : «Sept nouveaux Bachelors en soins infirmiers (Bachelor infirmier responsable de soins généraux, et autres Bachelors dans les domaines de la chirurgie, anesthésie réanimation, pédiatrie, santé mentale, sage-femme, radiologie) sont désormais prévus pour une ouverture à partir de septembre 2023. »

 

An dësem Kontext wéilte mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Wéi weit ass d’Preparatioun vun dëse neien Formatiounen?
  • Wéi wäit ass den LTPS an d’Preparatioun vun dëse Formatiounen mat agebonnen ?
  • Sinn déi 4 Bachelorsprogrammen «infirmier spécialisé» vir 2022/23 oder 2023/24 virgesinn?
  • Wéi geet de Rekrutement vun den Enseignanten weider, respektiv a wellechem Mooss ginn déi aktuell Enseignanten vum LTPS an déi nei Formatiounen integréiert?
  • Sinn déi präzis Profiller vun den neien Formatiounen schonns ausgeschafft? Wëssend datt eng Formatioun normalerweis jo op den Attributiounen opbaut, wéi wäit mussen dës Attributiounen deementspriechend modifiéiert ginn a wéiwäit sinn Virbereedungsaarbechten? Wéini sollen des Aarbechten ofgeschloss ginn? Wéi wäit sinn d’Acteuren um Terrain an des Aarbechten mat agebonnen?
  • Wéi wäert d’Aarbechtsopdeelung tëschent der Uni Lëtzebuerg an dem LTPS organiséiert ginn?
  • Am September 2024 soll en neie Lycée fir Santésberuffer fir  1200 Schüler seng Dieren opmaachen. Wei soll dat mat den neien Gegebenheeten an der Praxis organiséiert ginn?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen Claude Wiseler
Deputéiert Deputéierten

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck