Wéi vill Studieplaze si fir dat kommend akadeemescht Joer virgesinn fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ a fir de „Bachelor en Formation Pédagogique“ ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend respektiv Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

Fir Enseignant an der Grondschoul ze ginn, gëtt et vun der Rentrée un zwee Ausbildungsweeër: de klassesche „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE) an deen elo neie „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP) als Successeur vum sougenannte „Quereinsteiger-Modell“.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend respektiv Héichschoul a Fuerschung riichten:

  • Betreffend de „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE):
    • Wéi vill Studieplaze si fir dat kommend akadeemescht Joer virgesinn?
    • Wéi vill Studenten hunn eng „Demande d’admission“ agereecht?
    • Wéi vill Studente sinn ugeholl ginn?
  • Betreffend de „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP):
    • Wéi vill Studieplaze si fir dat kommend akadeemescht Joer virgesinn?
    • Wéi vill vun de ronn 110 Studente, déi laut Äntwert op meng parlamentaresch Fro vum 26. Mee eng „Demande d’admission“ fir dat éischt Semester agereecht hunn, sinn ugeholl ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck