Wéi vill Schüler hunn zënter 2018 op d’Servicer vum CEJHP zréckgegraff?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Am Joer 2018 ass am Kontext vun de Strukture fir Schüler mat spezifesche Besoinen och en Zenter fir héichbegaabte Kanner a Jugendlech (Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel – CEJHP) geschafe ginn. Dësen Zenter ass doriwwer eraus och Ulafstell fir Elteren an Educatiounspersonal.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi vill Schüler hunn zënter 2018 op d’Servicer vum CEJHP zréckgegraff?
    • Wéi vill dovu kommen aus dem Enseignement fondamental?
    • Wéi vill dovu kommen aus dem Enseignement secondaire?
  • Wéi ass d’Verhältnis vun de Schüler mat enger „Prise en charge ambulatoire“ par Rapport zu deene mat enger „Scolarisation spécialisée“?
  • Ganz allgemeng, huet den Här Minister e Bilan iwwer déi 5 éischt Jore vum CEJHP zéie gelooss?
    • Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen dovun a wou sinn déi publizéiert?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck