Wéi vill Prozent vun de Kanner ginn aktuell am Alter vun 3 Joer an den Enseignement précoce?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

D’Education précoce adresséiert sech un déi Kanner, déi den 1. September vum lafende Joer 3 Joer al sinn. Dëst Schouljoer virun der „Spillschoul“ ass fakultativ an huet als Zil, den intellektuelle Virwëtz vun de Kanner ze stimuléieren, hiert soziaalt a kognitiivt Verhalen ze fërderen a si beim Léiere vum Lëtzebuergeschen zousätzlech z’ënnerstëtzen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Wéi vill Prozent vun de Kanner ginn aktuell am Alter vun 3 Joer an den Enseignement précoce?
  • Kann den Här Minister en Tableau mat der Evolutioun vun den Aschreiwungen iwwer déi lescht 10 Joer opstellen?
  • Wéi huet sech an deem selwechten Zäitraum d’Verhältnis vun der Unzuel vun de Kanner am Enseignement précoce an deenen am Cycle 1.1 (Spillschoul) entwéckelt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Zréck