Wéi vill Poliziste sinn um Police-Kommissariat op der Garer Plaz am Déngscht? Geet dës Unzuel duer, fir dass d’Kommissariat onofhängeg a voll operationell ass?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Wéi aus der éischter an der zweeter Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°8234 ervirgeet, war d‘Police-Kommissariat op der Garer Plaz effektiv an der Nuecht vum 11. op den 12. August 2023 formell zou. De Manque u néidegem Effectif u Poliziste gëtt an der Äntwert erkläert mat enger „série d’absences imprévsibles“, obwuel et sech hei net nëmmen ëm Krankeschäiner gehandelt huet, mee och ëm Polizisten déi juristesch poursuivéiert ginn. Deemno hunn am Garer Policebüro 4 Polizisten hier Waffe missen ofginn a setzen aktuell an Untersuchungshaft. Eisen Informatiounen no ginn et och op enger Rei anere Police-Kommissariater duerch d’Land aktuell eng Partie Krankschreiwungen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Wéi vill Poliziste sinn aktuell um Police-Kommissariat op der Garer Plaz am Déngscht?
    • Geet dës Unzuel duer, fir dass d’Kommissariat onofhängeg a voll operationell ass?
  • Kann de Minister confirméieren, dass op anere Police-Kommissariater och Krankmeldunge gewiescht sinn, respektiv nach sinn?
    • Ëm wéi eng Kommissariater handelt et sech genau?
    • Sinn déi betraffe Police-Kommissariater trotzdeem déi ganzen Zäit voll funktiounsfäeg gewiescht?
    • Kann de Minister eis Informatiounen iwwert déi eventuell Ursaache fir dës Krankmeldungen ginn?
  • Ass et richteg, dass elo eng Rei Poliziste vum Garer Police-Kommissariat op aner Kommissariater sollen transferéiert ginn? Wa jo, wat sinn d‘Grënn heivir?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

                                              Léon Gloden                       Laurent Mosar

Deputéiert

Zréck