Wéi vill Poliziste sinn aktuell vum Déngscht suspendéiert, an engem onbezuelte Congé oder an engem méi laange „Congé de maladie”?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Am Kontext vum Personalengpass bei der Police wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet riichten:

  • Wéi vill Poliziste sinn aktuell vum Déngscht suspendéiert?
  • Wéi vill Poliziste sinn aktuell an engem onbezuelte Congé (Congé sans traitement pour raisons personnelles)?
  • Wéi vill Poliziste sinn aktuell net am Déngscht wéinst engem méi laange „Congé de maladie“?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                            Léon Gloden

Deputéierten                                              Deputéierten

Zréck