Wéi vill Persounen hunn zanter dem 1. Januar 2023 eng Demande beim Gesondheetsministère gemaach, fir de Beruff vum Psychotherapeut hei zu Lëtzebuerg kënnen auszeüben?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales weiderzeleeden.

Zanter dem 1. Februar gi psychotherapeutescher Behandlunge vun der CNS rembourséiert. Allerdéngs ass et schwéier, fir zäitno e Rendezvous ze kréien, well et un unerkannte Psychotherapeute feelt. An dem Zesummenhang wollt ech folgend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales stellen:

  • Wéi vill unerkannte Psychotherapeute ginn et zu Lëtzebuerg?
  • Wéi vill Persounen hunn zanter dem 1. Januar 2023 eng Demande beim Gesondheetsministère gemaach, fir de Beruff vum Psychotherapeut hei zu Lëtzebuerg kënnen auszeüben?
  • Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis esou eng Demande beäntwert gëtt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel,

Deputéierten

Zréck