Wéi vill Ofdreiwunge goufen ausserhalb vum Kader vum Planning familial duerchgefouert? Zu wéi engem Zaïtpunkt an der Schwangerschaft koum et zu besoten Ofdreiwungen?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Aus der Dagespress vum 26.Abrëll geet ervir, dass am Joer 2023 1043 Fraen sech fir eng Ofdreiwung an engem vun den dräi Zentre vum Planning familial entscheet hunn. Dës Zuel bedeit laut dem Planning familial eng wesentlech Hausse zum Joër 2022, wou nämlech 46% manner Ofdreiwunge stattfonnt hunn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kann de Gesondheetsministère dës Zuele confirméieren?
  • Wéi vill Ofdreiwunge goufen ausserhalb vum Kader vum Planning familial duerchgefouert? Zu wéi engem Zaïtpunkt an der Schwangerschaft koum et zu besoten Ofdreiwungen?
  • Wat ass déi perséinlech Situatioun vun de Fraen déi sech fir e Schwangerschaftsofbroch entscheet hunn? Wéi al si Sie? Wat ass hire pays de résidence?
  • Wéi oft gouf “d’Pëll vum Dag dono” am Joer 2023 verkaf?
  • Huet de Gesondheetsministère Kenntnisser zu den Ursaache vun dëser signifikativer Hausse?
  • Wat ënnerhelt de Gesondheetsministère fir fir eng besser Datelag ze suergen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt. ép. Kemp

Deputéiert

 

 

 

Zréck