Wéi vill Meedercher respektiv wéi vill Jongen bis 15 Joer ginn all Joer hei zu Lëtzebuerg géint HPV geimpft?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eng Impfung géint Human Papillomaviren (HPV) schützt virun verschidden Aarten vu Kriibs, notamment géint Gebärmutterhals-Kriibs. Zu Lëtzebuerg gouf des Impfung 2007 fir Meedercher recommandéiert. Zanter 2018 gëllt eng Recommandatioun fir all Kanner tëschent 9 a 15 Joer. Fir Leit, déi méi al sinn wéi 15 Joer, existéiert just eng Recommandatioun vum Conseil supérieur des Maladies infectieuses fir bestëmmte Risikopatienten.  De „Strategic Advisory Group of Experts on Immunization“ vun der Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert allerdéngs zanter dësem Abrëll eng Impfung och fir Fraen, déi méi al sinn wéi 21 Joer. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Wéi vill Meedercher respektiv wéi vill Jongen bis 15 Joer ginn all Joer hei zu Lëtzebuerg géint HPV geimpft?
  • Wéi héich ass an der Alterskategorie bis 15 Joer den Impf-Taux?
    • Ass den Taux an Ären Aen héich genuch?
      • Wann nee, wat mécht d’Regierung, fir des wichteg Impfung besser ze promouvéieren??
  • Sidd Dir der Meenung, dat och Persounen sollen kënnen géint HPV geimpft ginn, déi méi al sinn wéi 21 Joer, esou wéi d’WHO dat recommandéiert?
    • Géifen an deem Fall d’Käschten vun der Impfung och fir Persounen iwwert 15 Joer iwwerholl ginn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Claude Wiseler

Zréck