Wéi vill Gemengen si momentan nach an der Prozedur fir e neie PAG? Wat sinn d’Grënn dofir?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de PAG’en un d’Madamm  Inneministesch weider ze leeden.

Eisen Informatioune no kënne verschidde Gemengen nach net zum definitive Vote vum PAG kommen, well den Avis vum Inneministère (Commission de l’aménagement) zum PAG nach net do wär. De Problem ass, dass d’Gemengen doduerch mussen déi zwee PAG’en bei allen Autorisatioune considéréieren an nei Bauzone kënnen nach net bebaut ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Inneministesch dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo – wat sinn d’Grënn fir dës Delaien?
  • Wa jo – wéi gedenkt d’Madamm Ministesch dës Problemer ze behiewen?
  • Wéi vill Gemengen si momentan nach an der Prozedur fir e neie PAG? Wat sinn d’Grënn dofir?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                         Gilles Roth

Deputéiert                                                                 Deputéierten

Zréck